„Cliärref virubréngen!“ de Walprgramm vun de Piraten

Ënnert dem Motto „Cliärref virurbréngen!“ präsentéiere mir iech eis Iddien fir eng modern Fusiounsgemeng, déi dem Label „#FutureHub vum Norden“ gerecht gëtt, a wou Transoarenz a Biergerbedeelegung grouss geschriwwen gëtt.

De komplette Walprogramm fannd dir hei: Cliärref virubréngen! Fir eng modern a fair Gemeng. (PDF, 785kb)

Niewt dësem lokale Walprogramm trieden d’Piraten och mat engem nationalen Kaderprogramm un: modern. fair. transparent


Méi zum Thema:

Cliärref: eng Fusiounsgemeng mat méi Liewensqualitéit!

Nodeems am Joer 2011 aus de Gemengen Cliärref, Munzen an Hengescht déi nei Fusiounsgemeng Cliärref ervirgaangen ass, stelle mir haut, sechs Joer méi spéit fest, datt eis Uertschaften nach net ganz esou zesummegewuess sinn, ewéi een sech dat hätt kënne virstellen. D’Piraten vermëssen do vun den Verantwortlechen aus de leschte Joeren eng Visioun, wéi een d’Awunner méi no beienee brénge kann.Nodeems am Joer 2011 aus de Gemengen Cliärref, Munzen an Hengescht déi nei Fusiounsgemeng Cliärref ervirgaangen ass, stelle mir haut, sechs Joer méi spéit fest, datt eis Uertschaften nach net ganz esou zesummegewuess sinn, ewéi een sech dat hätt kënne virstellen. D’Piraten vermëssen do vun den Verantwortlechen aus de leschte Joeren eng Visioun, wéi een d’Awunner méi no beienee brénge kann.Mir proposéieren de Bierger dofir eng Rëtsch Punkten, déi mir mat äerer Ënnerstëtzung gäeren am nächste Gemengerot ugoe giffen.

1.1 Cliärref besser verbannen: e City Bus fir d’Gemeng!

Den aktuelle RGTR-Busréseau staamt nach aus enger Zäit laang virun der Gemengefusioun am Joer 2011 an entsprécht haut net méi de Bedierfnësser vun den Awunner. Nodeems elo och ëmmer méi Geschäfter a Servicer ewéi d’Post oder d’Apdikt aus der Foussgängerzon Richtung Shoppingzenter zu Maarnech ofwanderen, wäert d’Mobilitéit eng nach vill gréisser Importenz fir eis Awunner kréien. Grad als eng vun de flächeméisseg gréisste Gemengen am Land, sollte mir eis ëm e besseren ëffentlechen Transport beméihen.
D’Piraten wëllen dofir am nächste Gemengrot d’Initiativ vun engem „Cliärref Bus“ ustoussen, enger Bus-Linn, déi all eis Uertschaften matenee verbënnt. Mat esou enger Bus-Linn, weess all Awunner oder Tourist, datt en un all Plaz an eiser Gemeng ukënnt, ouni sech laang duerch en Dschungel un Buszäitpläng vun den ënnerscheedlechsten Buslinnen wullen ze mussen.
Gläichzäiteg soll d’Vernetzung an der Regioun besser fonktionnéieren. Bei der Reorganisatioun vum RGTR-Réseau musse mir eis als Gemeng  fir eng méi staark Ubannung un aner Gemengen asetzen. D’Leit wëlle vill méi séier an onkomplizéiert an d’Schwämm op Housen, op Wolz oder och op Ettelbréck kommen. Et ass dobäi wichteg, datt mir als Gemeng e Konzept auschaffen, deen un d’Horaire vun den Zich an och un déi regionale Busverbindungen adaptéiert ass.
Am Virfeld vun der Reorganisatioun vum RGTR-Réseau wëlle mir als Piraten eng gemengewäit Ëmfro lancéieren, déi dann an d’Diskussiounen mam Transport- an Nohaltegkeetsministère matafléissen.

1.2. D’Nuetszich allen Awunner zougänglech maachen

Nodeems den Transport- an Nohaltegkeetsminitère enger laangjähreger Piratefuerderung Rechnung gedroen huet, fueren elo zënter Dezember 2016 Nuetszich un de Weekender. Vu datt awer nëmmen 2 vun eisen 17 Uertschaften eng Gare hunn, kënnen net all eis Awunner ouni weideres dovunner profitéieren. Mir wëllen dofir suergen, datt eng Bus-Linn en place gesat gëtt, déi och zu de méi spéiden Auerzäiten um Weekend d’Leit vun de Garen sécher an hir Uertschaften zeréck bréngt. Heifir giff sech de „Cliärref Bus“ optimal eegnen, deen een dann nëmmen un den Horaire vun den Nuetszich unzepasse brauch. Dëst bréngt net nëmmen méi Liewensqualitéit fir d’Awunner, mee mecht d’Gemeng och nach méi attraktiv fir Besicher.

1.3. Méi Wunnraum, dee sech jiddweree leeschte kann!

Cliärref wäert sech an den nächste Joeren mat Opgoen vum Lycée Edward Steichen nach bedeitend weiderentwéckelen. Mir ënnerstëtzen dofir aktiv den nohaltegen Bau vun Wunnengen, déi och zu opmannst engem Drëttel sozial Wunnengen virgesi sollen. Dëst an enker Kooperatioun mat der Agence Immobilière Sociale (AIS). Beim Bau sollt op eng gutt Integratioun an d’Stadbild vun den jeeweilegen Uertschaften opgepasst ginn an och engem ökologeschen Aspekt Rechnung droen.

1.4. Parksituatiounen verbesseren!

Mat den Ëmbauaarbechten am Beräich vun der Gare an dem bevirstoenden Schantgen op der BeNeLux-Plaz wäerten op ee Coup eng grouss Zuel u Parkplazen verschwannen. Mat Opgoen vum Lycée Edward Steichen féiert dat op laang Siicht zu engem grousse Parkplazmangel.Nodeems säit Joerzéngten iwwert alternativ Parkingen nogeduecht gëtt, bedaueren mir et, datt elo nach ëmmer net Neel mat Käpp gemaach gouf. Mir setzen eis dofir an, datt kuerzfrësteg e Park & Ride um Terrain vun der Hall Polyvalent entsteet, deen via „Cliärref Bus“ d’Leit op der Gare an dono an den Zentrum vu Cliärref brénge soll.
Mëttelfrësteg muss d’Gemeng awer an de Bau vun engem Parkhaus investéieren. Mir ënnerstëtzen dofir alternativ d’Iddien vun engem Parkhaus am Klatzewee resp. a Partnerschaft mat der CFL um Terrain vun der Gare. Béid Gebaier wëlle mir och ënnert ökolegeschen Gesiichtspunkten verwierklechen, fir den Impakt vu Groussbauten samt Stéckstoffbelaaschtung op d’Ëmweld an op d’Awunner esou geréng wéi méiglech ze haalen.

1.5. Cliärref méi sécher maachen!

Wann d’Transversale bis fäerdeg gestallt ass, wäerten d’Camionen aus Cliärref verschwannen. Mir wëlle spéitstens dann e Shared Space am Zentrum vu Cliärref ëmsetzen. Uertschaften ewéi Bartreng oder Haren an Holland weisen, datt et geet! An dëser verkéiersberouegter Zon, déi sech eisen Iddien no vun der BeNeLux-Plaz duerch d’Grandrue bis bei d’Altersheem erstrecke soll, deele sech d’Foussgänger an d’Autoen resp. Busser gläichberechtegt d’Strooss. D’Strooss gëtt nivelléiert: Schluss mat enken Trottoiren! Dëst bidd och endlech d’Geleeënheet, dës gro an trouschtlos Strooss opzewäerten.Ma och an aneren Uertschaften ass esou e Konzept virstellbar. Hei soll d’Gemeng mat de betraffenen Awunner en Dialog ustoussen an bei engem Konsens de Projet zesumme mat hinnen ëmsetzen.

1.6. Cliärref: en Doheem fir jiddwereen

Mir begréissen et, datt Cliärref während der internationale Flüchtlingskris seng Responsabilitéit huele wollt. Mir bedaueren et allerdéngs, datt den Här Buergermeeschter vun den ugangs 300 versprachenen Iwwernuechtungsméiglechkeeten op 150 erof gaangen ass. Gläichzäiteg bedauere mer och d’Bauweis vun den Ënnerkënft fir Schutzsichender: duerch d’Verlaagerung vun engem eegens gebauten Komplex ausserhallef vu Maarnech laafe mer Gefor, d’Leit vun der Gesellschaft ze isoléieren.
D’Piraten sinn der Meenung, datt och Cliärref sech solidaresch weise muss. Elo, wou net méi ganz déi Drénglechkeet do ass ewéi nach am Hierscht 2015, hu mer elo och Zäit, fir Strukturen ze plangen, déi eng positiv Inklusioun an d’Gesellschaft fördert! Mir setzen eis fir e Komplex an, dee manner no Noutléisung ausgesäit, dofir awer d’Würd an d‘Besoinen vun de Leit garantéiert. Mir stellen eis eng Cité vir, déi och duerch Sozialwunnengen fir Résidenten mat wéinege finanzielle Mëttelen geduecht ass, genee esou wéi Standard-Wunnengen, fir esou eng méiglechst grouss Diversitéit ze kréien. Vun dëser Alternativ profitéiert um Enn jiddwereen.

1.7. Méi vun staatlechen an europäeschen Fonds Gebrauch maachen

Et ginn eng Reih Förderungsfonds, déi de lëtzebuergesche Staat an d’Europäesch Unioun lancéiert hunn, esou zum Beispill d’AMIF, Horizon 2020 oder den FSE. Hei sollt d’Gemeng méi aktiv kucken, vu welche Subventiounsgelder een provitéiere kann, fir Cliärref méi fit fir d’Zukunft ze maachen.


Dëst ass en Auszuch aus eisem 16-säitege Walprogramm „Cliärref virubréngen!“ Niewt dësem Thema setze mir eis och nach fir eng ganz Rëtsch aner Themen an! Kuckt hei, wéi eng Iddien mir nach hun!

D’Jugend, d’Kultur an den Tourismus förderen!

D’Gemeng Cliärref wäert an den nächste Joeren ëmmer méi u Bedeitung gewannen. Grad mam neie Lycée „Edward Steichen“ an dem domadder anhirgoende Label „#Futurehub vum Norden“ wäert sech Cliärref enorm entwéckelen. Mir sinn der Meenung, datt een dëst elo schon proaktiv mat neien an innovativen Iddien begleeden a steiere soll.D’Gemeng Cliärref wäert an den nächste Joeren ëmmer méi u Bedeitung gewannen. Grad mam neie Lycée „Edward Steichen“ an dem domadder anhirgoende Label „#Futurehub vum Norden“ wäert sech Cliärref enorm entwéckelen. Mir sinn der Meenung, datt een dëst elo schon proaktiv mat neien an innovativen Iddien begleeden a steiere soll.

3.1. De Lycée beschtméiglechst an eis Gemeng integréieren!

Mir begréissen, datt sech d’Gemeng an de leschte Méint a Joeren ëm eng gutt Zesummenaarbecht mat der Regierung bei der Entwécklung vum Lycée Edward Steichen beméiht huet. Mir wëllen dës Zesummenaarbecht weider virundreiwen an och dofir suergen, datt de Lycée beschtméiglechst an eis Gemeng integréiert gëtt. Dozou gehéieren zum engen d’Adaptéierung vun de Stroossen am direkten Ëmfeld, mee och d’gastronomesch Offeren, déi op d’Schüler zougeschnidde sinn. Awer och eng adäquat Fräizäitoffer ass wichteg, fir datt eis Cliärref och ausserhallef vun der Schoulzäit mat Liewe gefëllt gëtt. D’Piraten wëllen an dësem Kontext ë.a. folgend Punkten ëmsetzen:
D’Grandrue vun der BeNeLux-Plaz bis bei d’Altersheem an e Shared Space ëmwandelen, fir dës enk Strooss méi sécher ze maachen.Den ëffentlechen Transport un den Lycée upassen.Eng schülerfrëndlech grastronomesch Offer bidden, dëst och a Partnerschaft mat bestoende Betriiber.Ëffentlech Plazen opwäerten souwéi eng nei Place de rencontre tëscht dem Stadkäer an dem Lycée schaafen.Eidelstoend Geschäftsräim ofkaafen resp. ulounen an der Jugend fir beispillsweis Ausstellungen, Kënschtleratelieren, Workshops an ähnleches zur Verfügung stellen.

3.2. #CreativeHub – d’Kreativitéit bei der Jugend förderen!

Als „Cité de l’image“ huet Cliärref sech selwer en Numm ginn, deem een elo och gerecht muss ginn. D‘Wal vum Edward Steichen als Namenspatroun fir de Lycée ass dann och e Verspriechen un d’Zukunft vu Cliärref. Sech dobäi just alleng op d’Zuchpäerd „Family of Men“ ze verloossen, gëtt deem allerdéngs net gerecht. Mir wëllen dofir dem #FutureHub och en #CreativeHub un d’Säit stellen!Eis Iddien fir Cliärref als kënschtlereschen Hotspot am Norden:
E #CreativHub schaafen: D’Gemeng sollt der Jugend an och méi eeleren Konschtschaafenden Räim zur Verfügung stellen, wou si sech begéinen a fräi entfaale kënnen. En Deel vun de Räim soll esou fir Projeten kuerzzäiteg käschtefräi zur Verfügung gestallt ginn, den aneren Deel och längerfristeg duerch e Stipendium oder fir en abordabele Präis.
De #CreativeHub gesi mir als Gebai, mat eenzele Räim an engem gemeinsamen OpenSpace, wou een ënnerteneen a mat Interesséierten Awunner a Kontakt kënnt.
Eidelstoend Räimlechkeeten kënnen duerch Ukaaf oder Pacht vun der Gemeng als Veranstaltungsfläch fir Ausstellungen mat an d’Offer vum #CreativeHub integréiert ginn. Dës Flächen sollen och vum Lycée Edward Steichen genotzt kënne ginn, fir den Passanten esou d’Aarbechte vun de Schüler am kreative Beräich méi nozebréngen.

3.3. Präis „Edward Steichen“ an e Festival vum Bild!

Fir Cliärref och iwwert d’Grenzen eraus méi bekannt als Stad vum Bild ze maachen, ënnerstëtze mir d’Schaafung vun engem Konschtpräis „Edward Steichen“, deen un Nowuestalenter an och u professionell Fotografen vergi soll ginn. Dëst bréngt der Gemeng eng gréisser international Renomé an fördert och den Tourismus. Dëse Präis soll an eng Festival-Woch agebett sinn, déi mat Workshops, Ausstellungen an ëffentlechen Evenementer ewéi Lasershows soll begleet ginn.

3.4. Hëllef fir jonken Entrepreneursgeescht!

Wa Cliärref dem Numm vum #FutureHub vum Norden wëll gerecht ginn, sollte mer och versichen, jonk an dynamesch Entwéckler an Entrepreneuren eng Plaz an eiser Gemeng ze ginn. Mir wëllen jonke Startup’s, déi sech besonnesch um Gebidd vun der „green Economy“ engagéieren, beim Foussfaassen ënnerstëtzen. Mir proposéieren do beispillsweis fir jonk Leit, déi esou e Business opbaue wëllen, d’Gewerbesteier am éischte Joer ze erloossen an dono progressiv ze erhéigen, bis se dann no e puer Joer um obligatoreschen Prozentsaz vun 20% ukommen. Eis Gemeng als haaptsächlech ländlech gepreegte Géigend a Member vum Naturpark Our sollt sech als Heemescht fir Entreprisen, déi sech ëm sozial Inklusioun an ëmweldfrëndlech Innovatiounen beméihen, landeswäit etabléieren.

3.5. Ëffentlechen WiFi-Réseau fir Cliärref!

Am Zäitalter vun der digitaler Kommunikatioun gesi mir et als Essentiell, datt all Bierger Zougang zu Informatiounen huet. An dësem Kontext wëlle mir d’Gemeng Cliärref duerch d’Bereetstelle vu gratis ëffentlechen WLAN fir eis Awunner an och d’Touristen nach méi attraktiv maachen. Fir dëse Plang ze verwierklechen, soll d’Gemeng op staatlech an europäesch Gelddëppen zeréckgräifen. Esou zum Beispill huet d’EU am Meet 2017 en Aktiounsplang lancéiert, mam Zil bis 2019 eng 6000 bis 8000 Gemengen an der EU duerch Subsiden mat ëffentlech WLAN-Réseauen auszestatten, deen de Bierger op ëffentlechen Plazen onkomplizéierten Accès zu séierem Internet bidd. D’Gemeng Cliärref brauch déi Gelder just unzefroen.


Dëst ass en Auszuch aus eisem 16-säitege Walprogramm „Cliärref virubréngen!“ Niewt dësem Thema setze mir eis och nach fir eng ganz Rëtsch aner Themen an! Kuckt hei, wéi eng Iddien mir nach hun!

WiFi fir Cliärref!

Gëschter huet d’Europäesch Kommissioun en Aktiounsplang decidéiert, mat deem bis 2019 eng ronn 120 Milliounen Euro fir ëffentlech a fräi WiFi-Réseauen finanzéiert solle ginn.

Zil ass et, datt e kierzester Zäit d’Bierger an 6000 bis 8000 Gemengen an der EU onproblemateschen Accès zu séierem Internet kréie sollen. Dëst virun allem an ëffentleche Gebaien, Bibliothéiken, Muséeen etc.

D’Piraten vertrieden zënter eiser Grënnungen d’Opfaassung, datt dëst e wichtegen Déngscht um Bierger ass.

Zousätzlech giff eis Gemeng duerch dës Offer zousätzlech un Attraktivitéit fir Touriste gewannen.

Mam Usproch, de Futurehub am Norden ze ginn, muss Cliärref sech konsequent virunentwéckelen. Mir fuerderen dofir vum Gemengerot, am Kader vum #WiFi4EU eng Kandidatur anzereechen, fir dës Entwécklung virunzedreiwen.

Eng transparent a partizipativ Gemengepolitik!

Als Piratepartei setze mir eis fir eng beschtméiglechst Biergerbedeelegung an. Fir datt e Maximum u Leit sech awer beim Entscheedungsprozess an der Gemengepolitik abrénge kënnen, ass et eng onverzichtbar Virraussetzung, datt all Bierger och un all d’Informatiounen komme mussen, déi fir eng fundéiert Entscheedung noutwenneg sinn. Mir wëllen am nächste Gemengerot eng Reih Mesure proposéieren, fir d’Gemengenpolitik fir de Bierger wesentlech méi transparent ze maachen: Als Piratepartei setze mir eis fir eng beschtméiglechst Biergerbedeelegung an. Fir datt e Maximum u Leit sech awer beim Entscheedungsprozess an der Gemengepolitik abrénge kënnen, ass et eng onverzichtbar Virraussetzung, datt all Bierger och un all d’Informatiounen komme mussen, déi fir eng fundéiert Entscheedung noutwenneg sinn. Mir wëllen am nächste Gemengerot eng Reih Mesure proposéieren, fir d’Gemengenpolitik fir de Bierger wesentlech méi transparent ze maachen: 

2.1. Gemengerotssëtzungen live streamen!

Jiddwer Bierger soll d’Versammlungen net nëmme sur place, mee och via Internet suivéieren kënnen. Esou kënnen sech och Leit informéieren, déi manner mobil sinn oder déi während de Gemengerotsversammlungen schaffen resp. an d’Schoul ginn. D’Opnahmen sollen dono an enger entspriechender Rubrik op der Websäit archivéiert ginn.

2.2. Méi Gebrauch vu Websäit an Newsletter maachen

Eng Transparenz-Offensiv, déi wesentlech méi einfach a bëlleg ëmzesetzen ass, ass de méi konsequente Gebrauch vu Website an Newsletter. Hei sollten déi méi wichteg Saachen ewéi Gemengebudget an diverst Informatiounsmaterial zu Projeten ze fannen sinn. Dëst setzt awer och en Ëmdenken vun allen Bedeelegten viraus, ugefaangen beim Gemengerot, iwwert d’Gemengenadministratioun bis bei aner Acteuren, déi zum ëffentlechen Liewen an der Gemeng bäidroen.
2.3. Interaktiven Austausch mam Bierger Vill Leit haale sech méi oder manner dack op de sozialen Netzwierker op. Et ass dofir net verständlech, wisou d’Gemeng Cliärref als zoukënftege #FutureHub vum Norden de Wee nach ëmmer net op Facebook, Twitter a Co. fonnt huet. Hei ass et ouni finanziellen Opwand ganz einfach méiglech, Veranstaltungten a wichteg Informatiounen mat de Leit ze deelen a mat Awunner an Touristen direkt a Kontakt ze trieden.

2.4. Plaz vun engem PR-Agent schaafen!

Fir d’Online-Präsenz vun der Gemeng ze optiméieren an d’Transparenz-Offensiv konsequent virunzedreiwen, sollt d’Gemeng d’Plaz vun engem Gemengebeamten schaafen, dee sech ëm dës Voleten këmmert. Donierft kéint dësem Agent e méi koordinéierten Austausch tëscht Initiativen ewéi dem Tourist Center, der Cité de l’image, dem Cube 521 etc. iwwerhuelen, fir esou d’Mark „Cliärref“ méi gezilt ze promouvéieren.

2.5. E   Code de déontologie   och fir d’Gemengeréit!

Nodeems sech d’Chamber en Déontologiescode ginn huet, si mir der Meenung, datt och d’Gemengeréit sech esou e Code opereleeë sollen. Mir fueren ausserdeem, datt all d‘Gemengeréit hir Nieweverdéngschter offeleeen, fir datt vis-à-vis vum Bierger eng Transparenz hisiichtlech eventuellen Interessenskonflikter besteet. D’Piraten am Gemengerot wäerten dëst ab dem éischten Dag maachen. Desweideren wäerten gewielte Piratevertrieder iwwert hir Aarbecht am Gemengerot op engem eegens dofir bereetgestallte Site an méiglechst transparenter Form berichten.

 

2.5. Méi Biergerbedeelegung

Mir wëllen als Piraten de Bierger och tëscht de Walen d’Méiglechkeet bidden, fir aktiv d’Gemengepolitik matbestëmmen ze kënnen:

  • Reegelméisseg Biergerversammlungen!
    Mir sinn der Meenung, datt de Gemengerot a reegelméissegen Ofstänn d’Bierger op Informatiounsversammlunge Ried an Äntwert stoe sollt an esou och eng Plattform bidde sollt, wou d’Awunner eegen Iddien ustousse kënnen.
  • 10% vum Gemengebudget fir Biergerprojeten!
    Mir setzen eis dofir an, datt am Gemengebudget 10% vun de Gelder fir Projeten reservéiert solle ginn, déi vun de Bierger selwer bestëmmt kënne ginn.
  • Däin Untrag am Gemengerot!
    D’Piraten huelen d’Wuert „Biergerbedeelegung“ eecht! Mir setzen eis dofir an, datt d’Bierger hir Untreeg an de Gemengerot komme sollen. Bis d’Gemeng dat selwer ëmsetzt, bidde mir, am Fall wou Piraten an de Gemengerot gewielt ginn, mam OpenAntrag eng Méiglechkeet, wou de Piratenvertrieder e Biergeruntrag op d’Dagesuerdnung vun de Gemengerotssëtzungen setzt.
  • Reegelméisseg kommunal Referenden fir gréisser Projeten:
    Bei Projeten déi iwwer 5 Milliounen Euro am Extraordinär kaschten, wënsche mir eis reegelméisseg kommunal Referenden fir datt esou all Bierger ka matentscheeden ob dës Projeten wierklech sënnvoll sinn. Bei lokale Projeten sollt dëse Referendum op de Uertschaft, déi betraff ass, limitéiert sinn. Fir dëst net ze komplizéiert ze maachen, proposéiere mir dës Referenden eemol d‘Joer ronderëm d‘Ofstëmmung vum Budget am Gemengerot duerchzeféieren.
  • Ausleiend Dossieren och digital publizéieren.
    Am Kader vu ville Prozeduren (PAG, PAP, Baugeneemegung, …) ginn Dossieren op der Gemeng ausgeluecht fir datt interesséiert Bierger se kënne kucke goen. Leider muss een sech dann engersäits während den Ëffnungszäiten dohinner beweegen an anerersäits sinn dës Dossiere meeschtens zimlech ëmfangräich. Dofir fuerdere mir, datt dës Dossieren och digital an ouni Ufro zur Verfügung gestallt ginn, sou datt méi Bierger eng Chance hunn dës Dossieren am Detail ze kucken.

2.6. All d’Dokumenter esouwéi de Website konsequent an all

d’Amtssproochen ubidden All Dokumenter déi d‘Gemeng zur Verfügung stellt sollen an allen Amtssproochen (Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch) a punktuell a weidere Sproochen disponibel sinn. Dëst erlaabt en méi einfachen Zougang zu den Dokumenter a Formulaire fir jiddereen a valoriséiert zousätzlech eis Landessprooch.


Dëst ass en Auszuch aus eisem 16-säitege Walprogramm „Cliärref virubréngen!“ Niewt dësem Thema setze mir eis och nach fir eng ganz Rëtsch aner Themen an! Kuckt hei, wéi eng Iddien mir nach hun!

Eng nohalteg Ëmweltpolitik fir Cliärref!

Als eng Naturparkgemeng, déi net nëmmen op touristeschem Plang vun de flotten Naturlandschaften profitéiert, mee och duerch d’Agrikultur gepreegt ass, hu mir alleguerten och nach e vill méi elementart Interessi un enger gesonder Ëmwelt: wann et eisem Ökosystem gutt geet, geet et och eis gutt!

Mir brauchen eng aktuell Bestandsopnahm

Als Pirate schwätze mer eis géint jiddwer muttwëllegen Agrëff an eis Ëmwelt an, deen eisen Ökosystem nohalteg schuede giff. Mir wëllen dofir am nächste Gemengerod eng Analys an Optrag ginn, déi beschreiwt, wéi et ëm d’Ëmwelt an eiser Gemeng bestallt ass, fir esou an Zukunft bei neie Projeten besser aschätzen ze kënnen, wat a welcher Ausféierung op wéi enger Plaz ëmgesat kann an dierf ginn.

Méi Investitiounen an erneierbaren Energien

Et ass well eng Selbstverständlechkeet, datt mer méi am Beräich vun den erneierbaren Energie musse maachen. D’Cliärrwer Piraten wëllen hei all Projet ënnerstëtzen, deen eis méi onofhängeg vun den „alen Energien“ mécht.

D’Gemeng muss do awer och scho bei sech selwer ufänken. Mir fuerderen dofir, datt all eis Gemengegebaier mat Solarpanelen ausgerëscht  an Altbauten sanéiert ginn, do wou et méiglech ass mat staatlecher Ënnerstëtzung.
Bei neien ëffentleche Gebaier soll den Aspekt vun engem ëmweltschounenden Betriib esou gutt wéi méiglech an d’Planung afléissen.

D’Verkéierssituatioun verbesseren

Natierlech dréiht och eng besser Verkéierssituatioun zu enger méi gesonder Ëmwelt bäi. Mir wëllen mam Projet „Cliärref-Bus“, enger Bus-Linn déi all eis Dierfer an der Gemeng matenee verbënnt, eng attraktiv Offer bidden, fir op den Auto ze verzichten.

Doriwwer eraus soll virun allem den Transitverkéier aus eisen Uertschaften.

Wann d’Transversale bis fäerdeg gestallt ass, soll Cliärref e Shared Space kréien. Uertschaften ewéi Mamer oder Haren an Holland weisen, datt et geet! An dëser verkéiersberouegter Zon, déi sech eisen Iddien no vun der BeNeLux-Plaz duerch d’Grandrue bis bei d’Altersheem erstrecke soll, deele sech d’Foussgänger an d’Autoen resp. Busser gläichberechtegt d’Strooss. D’Strooss gëtt nivelléiert: Schluss mat enken Trottoiren!

Ma och an aneren Uertschaften ass esou e Konzept virstellbar. Hei soll d’Gemeng mat de betraffenen Awunner en Dialog ustoussen an bei engem Konsens de Projet zesumme mat hinnen ëmsetzen.

Urban Gardening

Als ländlech gepreegten Gemeng ass d’Agrikultur an d’Natur fir eis Gemeng immens wichteg. Dëst wëlle mer och eise Jéngste vermëttelen. Zousätzlech zu der schonns bestoenden pädagogeschen Offeren vun der Robbescheier, wëlle mer ë.a. um Terrain vun der Reiler Grondschoul, mee awer och zu Cliärref e Pilotprojet vun engem „Urban Gardening“ ustoussen. Hei handelt et sech ëm Gemeinschaftsgäert, déi vun de Schoulklassen resp. vun den Awunner zesummen gepfleegt ginn, dëst ënner Berodung an Mathëllef vun eise Gemengenaarbechter.

Mir wëllen an deem Kontext och eng Iddi aus der Integratiounskommissioun ëmsetzen, déi op dësem Wee d’Inklusioun vun neien Awunner an Schutzsichenden förderen giffen.

Bei Interessi soll d’Gemeng och den Urban Gardening an den aneren Dierfer an eiser Gemeng förderen.

Eng propper Loft!

Déi lescht Joeren hu gewisen, datt eis Industriezonen ëmmer méi staark ausgebaut ginn. Mir setzen eis fir Kompensatiounsmoossnamen an a fuerderen eng verstäerkten Iwwerwaachung vun der Loftqualitéit. Och eng d’Protectioun vum Kaméidi an d’Belaaschtung vun de Gebidder ronderem muss am Aa behale ginn.

Privat Initiativen förderen

Vereenzelt ginn et an eisen Dierfer nach „Grouss Botz“-Aktiounen gestart. Mir fannen dës Initiativen, déi vun de Bierger selwer ausginn, immens sympahtesch a wëllen datt d’Gemeng dës weider ënnerstëtzt an och an den aneren Uertschaften ureegt. D’Aarbecht vun den Awunner soll, beispillsweis duerch eng uschléissend Aktivitéit méi gewertschätzt ginn. Zousätzlech wëlle mer um „Dag vun der Ëmwelt“ (5. Juni) mat Aktiounen d’Awunner méi fir hir Ëmwelt sensibiliséieren.

Awunner, Veräiner a Betriiber, déi sech fir méi ëmweltfrëndlecht Wunnen interesséieren oder Initiativen proposéieren, fir déi der Ëmtwelt zegutt kommen, sollen vun der Gemeng beroden an no Méiglechkeet ënnerstëtzt ginn.

Lokal Produiten promouvéieren

Mir ënnerstëtzen gäeren eis lokal Produzenten a schléissen eis der Iddi un, eng zentral Plaz ze schaafen, wou lokal Produiten aus der Gemeng an dem Naturpark verkaaf kënne ginn. Fir dem Ausstiewen vun der Cliärrwer Foussgängerzon entgéint ze wierken an de Fokus op Produiten ze leeen, déi een net op all Eck fënnd, ënnerstëtze mer d’Iddi, fir d’Ariichte vun engem Butték an der Foussgängerzon, wou dës Produiten verkaaf kënne ginn.

Mir wëllen och d’Zesummenaarbecht am Naturpark Our intensivéieren. D’Gemeng soll reegelméisseg iwwerpréifen, op z.b. an der Grondschoul oder an aneren gemengeneegen Ariichtungen an Evenementer op lokal Produiten zeréckgegraff ka ginn.

 

Méi Participatiounsméiglechkeeten!

Eng weider Prioritéit vun de Piraten ass et d‘AwunnerInnen an déi grouss ewéi déi méi kleng Projete kloer vun Ufank un matanzebannen.
Et soll deemno eriwwer si mat der Politik déi vun uewen erof diktéiert gëtt a vill méi tëscht Gemeng an AwunnerInnen zesummegeschafft ginn. Mir proposéieren dofir reegelméisseg Biergerversammlungen.

Esou soll et an Zukunft normal sinn, datt een net eréischt iwwer ee Projet informéiert gëtt, wann e kuerz virum Vote steet, mee scho während der Entstehungsphas, sou datt Remarquen an Iddie mat Zäite kënne registréiert ginn. Och sollen d‘AwunnerInne mëttelfristeg selwer iwwert ee gewëssenen Deel vum Gemengebudget kënnen decidéieren.

Mir wëllen eis dofir asetzen, datt am Budget all Joer 10% fir Biergerprojeten reservéiert sinn: d’Awunner kënne Projeten proposéieren an doriwwer ofstëmmen.

Eng besser Informatiounspolitik

Grondviraussetzung fir méi Biergerparticatioun ass, datt all Bierger och richteg informéiert ass! Mir setzen eis fir méi eng kommunikativ an transparent Gemengepolitik an.

De Gemengebudget muss esou z.b. fir jiddwereen ganz einfach zougänglech sinn, virum Vote genee esou ewéi dono. D’Gemengerotssëtzungen solle live gestreamt an uschléissend op der Website vun der Gemeng archivéiert ginn. Doriwwer eraus fuerderen mir reegelméisseg Biergerversammlungen.

Cliärref muss sech als zoukënftegen #FutureHub vum Norden och an der Kommunikatioun mam Bierger dem digitalen Zäitalter upassen, fir esou sou vill wéi méiglech AwunnerInnen ze erreechen!

Eng besser Mobilitéit an eiser Gemeng

D’Mobilitéit ass am Norden e besonnesch wichtegt Thema,
leien d’Uertschaften dach dack méi wäit auseneen ewéi an aneren Géigenden am Land.
D’Pirate maachen sech dofir fir en Ausbau vun de verkéierstechneschen Infrastrukture staark, dëst am Respekt vun de lokale Bedierfnësser awer och vun enger nohalteger Entwécklung.

Mir begréissen et, datt déi laangjähreg Fuerderung no Nuetszich u Weekender ëmgesat gouf. Elo ass et un de Gemengen, fir nozezéien! Mir setzen eis fir Méiglechkeeten an, sou datt all eis Uertschaften eppes vun den Nuetszich hunn (z.b. e Latenightbus, deen d’Leit vun der Cliärrwer Gare an hir Uertschaft zréckbréngt).

Eng besser Mobilitéit fir eis Gemeng!
Iwwert Joerzéngten ass den RGTR-Busréseau an eisem Land, je no deemolegem Bedierfnës gewues a gewues, dobäi loung de Fokus ëmmer haaptsächlech dorobber, d’Leit séier an den Zentrum ze kréien.

Datt den historesch gewuessene Réseau haut net méi onbedéngt op d’Bedierfnësser vun de Bierger passt, ass mëttlerweil och beim Transportministère ukomm. De Minister Bausch huet dofir op senger Roadshow den 23. November 2016 zu Cliärref annoncéiert, den RGTR-Réseau op de Leescht ze huelen an dobäi d’Bierger matanzebannen.

Dësem Verspriechen ass d’Ëmfro-Kampagn luxmobil.lu gefollegt.
Mir stellen haut allerdéngs fest, datt dës Ëmfro sech just un eng begrenzten an zoufälleg ausgewielten Zuel vu Leit riicht, komplett onofhängeg dovunner wéi eng Transportmëttelen se benotzen.
D’Cliärrwer Piraten fäerte bei dëser Ëmfro, datt vill wichteg Meenungen a Proposen vu Bierger, déi direkt betraff sinn, esou iwwerhapt guer net wouer geholl ginn.

Mir lancéieren dofir eng eegen Ëmfro, fir d’Cliärrwer Leit no hirere Meenungen a Proposen ze froen.

Mir wäerten am Uschloss vun der Ëmfro d’Resultater publizéieren an d’Iddien dann och mat an eise Gemengewalprogramm huelen.
Domadder wëlle mer de Bedierfnësser vun den Awunner aus eiser Gemeng eng Plattform bidden an eis dofir asetzen, datt den neie Gemengerot sech fir dës Iddien bei der Reorganisatioun asetzt.

Eis Ëmfro fënnds de op hei!

Mir sinn der Meenung, datt haut an eisem dack routinéierten Alldaach de Sport ee wichteg Thema ass, dat net ze kuerz kommen dierf. Mir Piraten setzen eis zum Zil méi Sport an d’Gemeng ze bréngen, dëst andeems een lokal Sportshale méi ausgibeg notzt, Couren (Zumba, Danz,…) organiséiert esou wei och Sportsveräiner méi aktiv fërdert.