Wëllkomm!

Häerzlech Wëllkomm op der Säit vun der Cliärrefer Piraten!

Alles ronderëm eise Programm fir d’Gemengewalen 2017 souwéi eis Virstellungen vun enger dynamescher a moderner Gemeng fënns de an Rubrik „Programm“!

Grënnung vun der Sektioun Cliärref

Och wann d’Piraten an de leschte Méint net ganz inaktiv an der Gemeng waren, sou ass et dach elo un der Zäit, eist Engagement ze offizialiséieren.

Dëse Samsden, den 22. Abrëll wäerten mir am Kader vum Landeskongress eis Sektioun zu Cliärref grënnen!

D’Grënnungsversammlung fënnt um 11.00 Auer am Cliärrwer Schlass statt. Jiddwer interesséierten Bierger ass häerzlech Wëllkomm!

Ween nach séier Member wëll ginn, kann sech roueg op ahoi@piratepartei.lu mellen.

Wat: Grënnungskongress vun der Sektioun Cliärref
Wou: Cliärrwer Schlass
Wéini: Samsden, 22. Abrëll um 11h00