Iwwert eis

v.l.n.r.: Joe Schaack, Andy Maar an de Pierre („Pico“) Conrad
Net um Bild: Anne Nicolas

Nodeems d’Piratepartei an de leschten 5 Joeren reegelméisseg op diversen Evenementer an der Gemeng präsent waren, sou beispillsweis d’Braderien am September, hunn d’Cliärrwer Piraten den Entschloss gefaasst, och an eiser Gemeng richteg aktiv ze ginn an sech dofir méi en offiziellen Kader ze ginn.

Am Virfeld vum Landeskongress #LK171 vun der Piratepartei, deen den 22. Abrëll 2017 am Cliärrwer Schlass stattfonnt huet, ass dunn d’Sektioun Cliärref offiziell gegrënnt ginn.

De Sektiounspräsidium[1]:

Präsident: Andy Maar (33), vu Reiler
Vizepräsident: Pierre Conrad (22), vun Drauffelt
Sekretär: Joe Schaack (25), vu Maarnech

Iwwert d’Piratepartei an hiren Engagement zu Cliärref:

D’Piratepartei setzt sech zënter hirer Grënnung 2009 fir ee méi konsequente Schutz vun de Mënscherechter an, dëst souwuel Offline wéi Online. Doriwwer eraus fuerderen d’Piraten eng méi grouss Transparenz vum Staat, fir esou ënner anerem eng besser politesch Participatioun vu jidderengem ze erméiglechen.

Aktuell si mer am gaangen eis am ganze Land fir d’Gemengewale virzebereeden, sou och zu Cliärref. Wann’s Du eis hëllefe wëlls Cliärref ëmzekrämpelen oder einfach méi Informatiounen zu eisen Iddie wëlls hunn, komm op eis Treffen, abonnéier eis op Facebook oder schreif eis eng Mail!


[1] D’Satzung vun der Piratepartei: § 8 (5) Der Sektionsvorstand besteht aus dem Präsidenten, einem Vize-Präsidenten sowie einem Sekretär.“